Liichtmëssdag 2021
06/02/2021Duerch déi aktuell Ëmstänn ass Liichtmëssdag dëst Joer leider anescht wéi déi lescht Joeren, wat awer op kee Fall soll bedeiten datt mir eis flott Traditioun komplett ewechloossen. D'Kanner aus dem Ierpeldenger Schoulzentrum hu wéi gewinnt e Liichtebengelche gebastelt mee well et kaum méiglech ass vun Dier zu Dier sangen ze ginn huet d'Gemeng dëst Joer, an Zesummenaarbecht mam Fairtrade Grupp, fir "Speck an Ierbessen" gesuergt. Zesumme mat der Elterevereenegung "EIS" goufen d'Tablette FairTrade-Schockela un d'Kanner an der Schoul verdeelt an hier Aen hu wéi hier Liichtebengelcher gestraalt. Vun de Kanner geet dann och e ganz grousse Merci un d'Gemeng fir dee léiwe Geste.